Skip to content

Programm Mid-Ager – de Sportschäffen André Zwally promouvéiert
de Fräizäitsport zu Esch

Am Gemengerot vum 26. September 2025 huet de CSV-Sportschäffen André Zwally
de neie Sportprogramm fir Mid-Ager präsentéiert, deen ab Januar 2026 start.
Fräizäitsportler am Alter tëscht 20 a 55 Joer kënnen domadder ab nächstem Joer u
sëlleche Sportaktivitéiten deelhuelen.
Dëse Programm ass domadder deen Neitsten an enger laanger Serie vu
Programmer déi de Sport allen Escherinnen an Esch sollen zougänglech maachen.
Anerer sinn zum Beispill: LASEP, Youth Sports – Cool Sports, Intégration par le
Sport, Sport pour Tous oder de FIT 60+.
“Nieft der Ënnerstëtzung vum Ekippesport, ass et eis och wichteg de Fräizäitsportler
eng uspriechend Offer u sportlechen Aktivitéiten ze bidden.
Domadder encouragéiere mär weider Escherinnen an Escher sech méi ze
beweegen an domadder Eppes fir hir Gesondheet ze maachen.”, seet den André
Zwally.