Skip to content

Konventioun mam Kierchefong- E propperen a fairen Ofschloss vun engem
komplizéierten Dossier

Mam Vote am Dezember 2016 war fir déi fréier Majoritéit de Dossier vun der
Trennung tëscht Kierch a Gemeng ofgeschloss. Dass awer nach vill Froen
iwwer Besëtzverhältnisser oder Nëtzungsrechter onbeäntwert waren, war virun allem
der LSAP deemools egal.
Mat der Konventioun tëscht dem Kierchefong an der Stad Esch, déi am Gemengerot
vum 26. September 2025 eestëmmeg ugeholl gouf, sinn des Froen elo gekläert.
Ënnert der Féierung vun der CSV falen ënner anerem d’Maison Porte
Ouverte oder Jardin des Nations definitiv op d’Stad Esch zréck a kënne zukünfteg vu
méi Escherinnen an Escher besicht a genotzt ginn. Dem Kierchefong gëtt dofir zum
Beispill de Besëtz vum Paschtouesch-Haus zou erkannt.
Eise Schäffe fir d’Kulten, de Bruno Cavaleiro erkläert: “Kloerheet beim Besëtz ze
schafe bedeit och den Austausch tëscht der Kierche-Gemeinschaft an der Stad
Esch méi kloer ze cadréieren. Et geet eis net drëms bei dësem Accord Eppes ze
wannen. Et geet eis drëms verschidde Gebaier a Plazen am Sënn vun hire
Gestallter ze erhalen a méi Leit zougänglech ze maachen.”