Skip to content

Neie Südgemenge-Kollektiv-Vertrag – Eise Buergermeeschter Christian Weis
en Acteur vum Sozialdialog

No 11 Méint mat Verhandlungen tëscht de Gewerkschaftsvertrieder vum LCGB a
OGBL mat de Vertrieder vun de Südgemengen, mat eisem Buergermeechter
Christian Weis un der Spëtz vun der Verhandlungsdelegatioun, ass de 10. Oktober
2025 de neien Südgemenge-Kollektiv-Vertrag ënnerschriwwe ginn.
Mat dem neien Kollektiv-Vertrag verbessert sech d’Arbechts- a Liewenssituatioun fir
iwwer 4300 Arbechterinnen an Arbechter an 19 Gemengen an aus verschiddene
Syndikater. D’Ofkommes garantéiert och méi Transparenz a Kohärenz an den
administrativen Ofleef.
Am Escher Gemengerot vum 24.Oktober 2025 gouff den Accord unanime ugeholl.
Alleguerten d’Parteien hunn dem Buergermeeschter Weis fir d’Resultat félicitéiert.