
Dausenden hunn zu Esch zesummege feiert: Déi järlech Luxembourg Pride war e grousst Evenement am Sënn vun der Gläichberechtegung a Fräiheet. D’CSV Esch-Uelzecht an de Buergermeeschter Christian Weis ware mat dobäi – Solidaresch mat de Fuerderungen vun der LGBTIQ+ Communautéit!

Wéi all Joer war d’Luxembourg Pride 2025 e Fest vun der Léift, Diversitéit a Gläichberechtegung! Vum 11. bis 12. Juli huet Esch-sur-Alzette säi Titel als Reebou-Stad foarweg ënnerstrach. Et war ee Street Festival de 11. a 12. Juli mat ënner anerem dem groussen Equality March de 12. Juli. Dausende Participanten – Frënn, Familljen, Associatiounen an Acteuren – sinn duerch d’Stroossen gezunn, fir d’Rechter vun der LGBTIQ+ Communautéit an ze stoen. De Motto “Stand united against the Backlash!” stung am Mëttelpunkt.
D’CSV Esch-Uelzecht ass houfreg, dëst Evenement ze ënnerstëtzen. Mir gleewe fest un eng inklusiv Gesellschaft, wou jiddwereen fräi an ouni Angscht zesumme liewe kann. “Diversitéit ass net nëmmen e Wäert, mee eng Chance fir eis Stad méi staark ze maache”, seet eis Sekretärin Nathalie Torres. Zesumme mat der nationaler CSV an der CSJ Süden hate mär e Stand organiséiert, fir ze weisen: Mär stinn zesumme géint all Form vu Diskriminatioun!