Skip to content

DE GEORGES AM INTERVIEW

Georges, elo glaich 6 Joër Buergermeeschter vun dénger Heemechtsstad. Wéi huet Esch sech verännert?

Esch huet sech an de leschten 6 Joer positiv an nohalteg verännert. D’CSV Esch ass 2017 mat enger staarker Equipe ugetrueden an mat der Motivatioun, hier Heemechtsstad attraktiv a liewenswäert ze gestalten, nodeems d’Liewensqualitéit ënnert der Verwaltung vun der viregter Majoritéit staark ofgeholl hat. Mir hunn en Opschwong hikritt. Op dat Fundament wëllen mir an den nächste 6 Joer weider opbauen.
Mir stinn fir e staarken Solidaritéitsgedanken. Deen ass an dësen onsécheren Zäiten ëmsou méi wichteg, wou den Zesummenhalt an der Gesellschaft ëmmer méi verschwënnt.
Mir stinn awer och fir de Fortschrëtt hei zu Esch. Dat hunn mir déi lescht 6 Joer bewisen. Mir wëllen net stëll stoen. Mir wëllen Esch weider entwéckelen an den haitegen Erausfuerderungen upassen.

Besonnesch houfreg sinn ech op déi visibel an spierbar Verännerungen, déi d’CSV erbäi gefouert huet:

  • D’Opwäertung vun eisem Stadkär
  • E neie Sécherheetsplang
  • D’Ofbaue vun der Waardelëscht an de Maison Relaisen
  • De Bau an d’Plangen vun neie Schoulen
  • Nei Sportshalen an Sportanlagen
  • Nei Weeër fir eng méi nohalteg Mobilitéit (Mobilitéitsplang)
  • En diversifiéiert a breet Kulturangebot mat neie nulturellen Institutiounen
  • Politik zesumme mat de Biergerinnen a Bierger (Participation citoyenne)
  • Eng ëmfangräich Seniorepolitk
  • D’Entwécklung vun eise Frichen

E Mandat vun der Gestaltung, no enger (ze) laanger Verwaltung. Gesäis du dat och esou?

Esch ass ënnert menger Virgängerin konsequent erofgewirtschaft ginn. D’Wichtegkeet vun der wirtschaftlecher Entwécklung zu Esch ass virun 2017 quasi ignoréiert ginn. Eise Betriiber sinn keng Perspektiven ugebuden ginn. Et sinn ganz einfach déi falsch Prioritéiten gesat ginn an de Bierger ass mat sengen Interessen, mat senge Wënsch op en daaft Ouer gestouss.
Et ass verwalt ginn, am Plaz eng aktiv Gestaltung vun der Stad unzegoen. Villes huët d’CSV-Déi Gréng-DP Majoritéit dunn ab 2017 op de Wee bruecht an eng nei Dynamik geschafen, déi der Entwécklung vun eiser Stad gutt deet. D’CSV Esch wëll mat Kraaft an Optimismus an eng spannend Zäit fir eis Stad goen. Mat neien Iddien an neier Energie.

Wat ass an der Mandatsperiod villäicht net esou gaangen, wéiste et woll’s?

Et geet net ëmmer alles esou schnell virun, wéi ee sech dat eventuell virstellt. Mir hunn d’Wahle vun 2017 gewonnen, well déi Escher en Ëmschwong, eng nei Dynamik wollten. Bei eise Virgänger waren keen Driff, keng Iddien méi do.
Eis Equipe huet 2017 direkt ugefaangen konkret Projeten fir d’Stad ze entwéckelen an och ëmzesetzen. Zanter Mäerz 2020 haten mir dunn awer 2 Joer laang mat enger Pandemie ze kämpfen. Am Februar 2022 ass e Krich op eisem Kontinent ausgebrach, dee laangwiereg Konsequenzen huet. Dobäi koum eng Energiekrise, déi eisen Betriber an eisen Stéit nach ëmmer schwéier ze schaffen mécht. All dëst hat och Repercussiounen op eis Aarbecht an der Gemeng. Mir sinn reegelrecht ausgebremst ginn.
Ech well ënnersträichen, dass während der Covid-Krise, eis Gemengeservicer zesumme mat de Ministèren eng excellentAarbecht geleescht hunn. Alles an allem hunn mir déi lescht 6 Joer vill geschafft an wichteg nei Jalon’e fir d’Zukunft vun eiser Stad gesaat. D’CSV Esch iwwerhëlt och an onsécheren Zäiten Verantwortung fir d’Escher Biergerinnen a Bierger.

E Wuert zum Bilan, gëff eis 3 Projet’en op déi’s de houfreg bass.

Et ass net méiglech, mech nëmmen op 3 Projet’en ze beschränken. Ech wëll awer domat ufänken, dass mer e ganz neie Politikstil agefouert hunn. Mir hunn Politik zesumme mam Bierger gemaach an iwwert d’Participation citoyenne déi Escher Bierger bei alle wichtege Projet’en mat abezunn. Zum Beispill bei der Revaloriséierung vum Stadkär, bei dem Masterplang fir d’ Roud Lëns an Metzeschmelz oder eiser neier Identité visuelle.
Ech wëll awer och eis dynamesch Politik an de Maisons-relais’en ervirhiewe, wou mir iwwer 700 nei Plaze geschaafen hunn. Mir hunn endlech de Sécherheetsplang iwwerschafft an adaptéiert, wat eng wichteg Demande vun eise Bierger war, nämlech an enger flotter mee och sécherer Stad kënnen ze liewen. Eis Investissementer an d’Kultur an an de Sport, spréch eis Veräiner, sinn wäertvoll Investissementer an d’Zesummeliewen vun eiser multikultureller Populatioun. Wichteg Integratiounsmoossnamen.
Allgemeng, och an der Mobilitéit, am grenziwwerschreidende Beräich, an der Sozial- a Jugendpolitik, si vill Projet’e lancéiert an och fäerdeg gestallt ginn. Net ze vergiessen an eiser Seniorepolitik. An et gëtt nach genuch ze dinn déi nächste Joren. Mir wëllen eis Stad, am Häerz vun der Groussregioun, als eng liewenswäert, resilient an aluedend Stad definéieren.

Esch2022, Südspidol an Abrisud, schwéier Ierfschaften, déi dir awer gutt an der Koalitioun gemeeschtert hutt?

Wann een eng Gemeng no sou enger klorer Victoire wéi 2017 iwerhëllt, an gläichzäiteg eng Partei ofléist, déi Joerzéngte laang Esch quasi eleng verwalt huet, dann ass et net iwwerraschend, dass een Dossieren ierft, déi Problemer mat sech bréngen. Zum Beispill den Dossier Abrisud, deen awer net wierklech eng Iwwerraschunge war. Mee déi nei Koalitioun huet awer schnell festgestallt, dass de « schwaarze Péiter » net eleng bei de verschiddene Minister louch, wéi meng Virgängerin et gären duergestallt huet. Ech hunn als Buergermeeschter am Laf vun der Zäit festgestallt, dass wann ee preparéiert a Gespréicher mat Ministere geet, an déi och op enger mënschlecher a fachlecher Basis féiert, een och zu Resultater ka kommen, déi béid Säiten zefridde stellen. Dësen konstruktiven Dialog ass et virun 2017 net méi sou ginn.

Esch2022. Meng Partei a Fraktiounskolleegen hunn vun Ufank un hannert der Iddi an dem Projet gestanen. Wéi mer am November 2017 d’Geschécker am Stadhaus iwwerholl hunn, an en direkten Abléck an den Dossier an domat och d’Approche kritt hunn, sinn eng ganz Partie Problemer, déi een ëmmer nëmmen um Rand matkritt huet, bestätegt ginn. De gréissten Cado empoisonné, deen mer geierft haten, war déi desastréis Gestioun vun der Organisatioun vun der europäescher Kulturhaaptstad. Och wann do bei deem engen oder aneren Oppositiounspolitiker e plëtzlechen Mentalitéitswandel statt fonnt huet an en sech unnäischt méi erënnere kann.

Mat dem néidege Recul musse en definitiv soen, dass Esch2022 eiser Stad an der Südregioun immens vill bruecht huet. De Bilan, deen jo op verschiddene Niveau’e gezu gëtt (Zuelen, Impakt op d’Stad, Impakt op d’Regioun, Nohaltegkeet…), gëtt nächst Woch presentéiert.

Zum Südspidol, och hei hu mer den Dossier vun der viregter Majoritéit iwwerholl. Et koum awer zu Probleemer um Niveau vun de Relatioune mat dem Büro, deen de Concours gewonnen huet. Ouni wëllen an déi technesch Detailer ze goen, hu mer zesummen als Verwaltungsrot a mat der Direktioun e korrekte Wee aus der Problematik eraus fonnt. Et stécht natierlech eraus, dass iwwerall do, wou ech d’Presidence vu menger Virgängerin iwwerholl hunn, ech och gréisser Probleemer hunn mussen feststellen an mussen riicht béien. Ofschléissend wëll ech bemierken, dass trotz desën Hürden, alles op de Wee bruecht ginn ass, fir déi wichteg Projet’en awer kënnen ze realiséieren.

Wat sinn déng Prioritéite fir déi zukünfteg Entwécklung vun eiser Stad ?

Mär wëllen fir eis Escher Biergerinnen a Bierger e Garant fir Stabilitéit sinn, andeems mär eis Staat nohalteg, lieweg an resilient plangen a gestalten. Jiddwereen soll hei zu Esch a Sécherheet liewen kennen. Mir mussen mat der néideger Virsiicht a mam néidege Wäitbléck weider investéieren an dofir suergen, dass eis Staat e vollwäertege Liewensraum fir all hier Biergerinnen a Bierger bitt.

D’Escher CSV well:

  • géint d’Kriminalitéit virgoen an d‘Onsecherheetsgefillverbesseren.
  • eng staark Jugend- a Seniorepolitik garantéieren.
  • eng ambitiéis an nohalteg Klima- an Energiepolitik féieren.
  • d’Kultur an de Sport als performant Integratiounsfacteurenweider fërderen.
  • eng nohalteg a resilient Entwécklung vun de FrichenMetzeschmelz a Crassier Terres rouge
  • den Zesummenhalt stäerken an d’Veräiner ënnerstëtzen.
  • nei Weeër an der Mobilitéit goën.
  • D’Participation citoyenne héich haalen.

Beitrag deelen