Skip to content

Eng besser Zesummenaarbecht mam Office national de l’Accueil – Solidaritéit
a Verantwortung fir Leit déi hu misste flüchten

D’Stad Esch war ëmmer eng oppen a divers Stad an d’Stad Esch huet nach ëmmer
hir Verantwortung iwwerholl beim Accueil vu Mënschen déi hiert Doheem hu misste
verloossen.
Am Gemengerot vum 24. Oktober 2025 gouf eng Konventioun tëscht der Stad Esch
an dem Office national de l’Accueil gestëmmt, déi ënner anerem e Comité de suivi
en place setzt. Dëse soll eng besser Koordinatioun tëscht de Servicer an eng besser
Integratioun vun de Flüchtlinge garantéieren.
„Eist Zil asskloer: an Dignitéit ophuelen, a Stabilitéit integréieren an déi sozial
Kohäsioun erhalen. (…) Mënschlech Dignitéit ass net verhandelbar an eng gutt
Integratioun ass e Gewënn fir déi ganz Gemeinschaft“ esou eise Gemengeconseiller
Dejvid Ramdedovic.