
Buergermeeschter
De Chrëscht ass zanter 2005 politesch engagéiert a war laang déi roueg, mee onermiddlech Kraaft hannert de Kulissen. Haut leed hien als Buergermeeschter mat vill Verantwortung, Verstand a Mënschlechkeet eis Stad. Seng Ressorten ëmfaasse Finanzen & Budget, Resilienz, Sécherheet, Baute-Police, Logement, Gesondheet, ëffentlech Relatiounen a Koordinatioun mam Gemengerot.
Als Assistant social mat vill Beruffserfarung an verschidde Beräichern an als studéierte Politikwëssenschaftler kann hien d’Dossieren net nëmme praktesch, mee och strategesch denken. Hien hëlt Decisiounen am Interessi vun der Allgemengheet a bleift dobäi ëmmer zougänglech, empathesch an éierlech.
Och wann hien sech ëmmer wuel an der zweeter Rei gespiert huet, si mir frou a stolz, datt hien elo eise Kapitän ass. Privat genéisst hien déi kleng Momenter am Liewen – Zäit mat der Famill, e Stéck selwer gebaackene Kuch oder eng Arbescht op dem Bauerenhaff vun der Famill vun senger Fra, déi hien ëmmer nees nei entdecken léisst, wat „Landliewen“ heescht.
Schäffen
Den Änder ass ee richtege Pilier an der Escher Politik – bal esou laang gewerkschaftlech a politesch engagéiert, wéi hien sech erënnere kann. Hien huet d’Zäit an der Oppositioun genotzt, fir ëmmer erëm konstruktiv Iddien anzebréngen a Léisungen ze proposéieren. Als Schäffen leed hien d’Ressorten Personal & Administration, Patrimoine communal, Senioren & Besoinen spécifiques, Sport, Informatik, Industriekultur an Archiv.
Säi Liewenswee reflektéiert säi Wäertversteesdemech: vum Futtballspiller bei der Jeunesse Esch, iwwer seng Aarbecht bei der Arbed bis bei säin Engagement als Gewerkschaftler – ëmmer un der Säit vun de Leit.
Privat ass den Änder e Familljemënsch duerch an duerch. Wann denTelefon schellt, ass hien do – ob fir eng kleng Hëllef oder eng grouss Entscheedung. Hien steet fir Éierlechkeet, Hands-on-Mentalitéit a vill Liewenserfarung, déi hien mat Rou a Wäisheet an d’Ekipp bréngt.
Schäffen
De Bruno ass 1999 fir d’éischt op de Wallëschten opgedaucht a säit deem ëmmer en zouverlässegen Ekippenmember. Haut ass hien als Schäffen zoustänneg fir sozial Affären, Jugend, Cultes, international Relatiounen, Etat civil a Biergerbedeelegung.
Wunnhaft am Quartier Brill an als Independant déif verwuerzelt zu Esch, kennt de Bruno d’Suerge vun de Leit aus dem Alldag. Hien schwätzt aacht Sproochen – e richtege Bréckebauer, dee mat bal all Partnerstad an der Mammesprooch kommunizéiere kann.
Mat senge portugisesche Wuerzelen a sengem Bléck fir Integratioun weess hien, wéi eng Gesellschaft nëmme funktionéiere kann, wa jidderee matmécht. Trotz sengem villfältege Beruffsliewe bleift hien och duerch seng Meedercher no bei der Jugend, hëlt hir Iddien eescht a bréngt se an d’Gemengepolitik eran.
Bruno ass ee Mënsch mat vill Häerz, Humor a Verbindungskraaft – ëmmer do, wou Mënschen zesummebruecht musse ginn.
Fraktiounsspriecher
De Pascal ass 2023 fir d’Escher CSV ugetrueden, nodeems hien als Parteipresident an zu Fréiseng scho vill Erfarung am Gemengerot gesammelt huet. Haut koordinéiert hien als Fraktiounsspriecher d’Aarbecht an der Fraktioun a suergt dofir, datt eis Positioune kloer, argumentéiert a verständlech sinn.
Als Direkter vum LGE huet hien Duerchsetzungskraaft, Struktur an Organisatiounstalent bewisen. Duerch säin deegleche Kontakt mat Schüler an Eltere kennt hien d’Froen a Besoine vun der jonker Generatioun aus éischter Hand.
De Pascal ass ee rouege, reflektéierte Mënsch, deen d’Leit zesummebréngt, Fräiraum léisst a mat wéinege Wierder vill seet. Privat reest hie gären zesumme mat senger Partnerin, entdeckt nei Kulturen oder geet mat hirem Hond Caspar duerch d’Esch spadséieren – ëmmer mat oppenem Bléck a guddem Geescht.
Gemengerotsmember
D’Joy kënnt aus enger Famill, déi sech zanter Joren an der Escher CSV engagéiert. 2023 ass hat fir d’éischt selwer bei de Walen ugetrueden – mat Energie, Kloerheet a groussem Engagement. Am Gemengerot leet Joy de Fokus op Verkéier, Soziales a Gesondheet, Kultur an Educatioun.
Als Doktesch weess d’Joy, wéi wichteg et ass, nohalteg fir d’Liewensqualitéit vun de Leit ze schaffen. Hat schafft sech séier an nei Dossieren eran, sicht déi richteg Léisungen an denkt ëmmer e Schrëtt viraus.
Mär schätzen dem Joy seng strukturéiert, präzis Aarbecht an seng positiv Ausstralung. An hirer Fräizäit diskutéiert si gären iwwer politesch Sujeten mat hirem Mann oder verbréngt Zäit mat hiren zwee Kanner, zum Beispill am Escher Déierenpark – eng Fra, déi Famill, Beruff a Politik mat vill Leidenschaft verbënnt.
Gemengerotsmember
De Dejvid ass zanter 2023 Deel vun der Escher CSV a bréngt eng bemierkenswäert Kombinatioun aus Fachkompetenz, Dynamik a Mënschlechkeet mat. Seng Dossieren ëmfaasse Finanzen, Wirtschaft, Senioren, Cultes a Jumelage.
Als Expert-comptable mat eegener Etude féiert hien d’Finanzkommissioun mat vill Seriositéit an engem gudde Bléck fir d’Detail. Hien huet e feint Gefill fir d’Relatioun tëschent Effizienz a sozialem Wäert, an ass ëmmer prett, nei Weeër ze goen.
Obwuel hie francophone ass, schwätzt hien am Gemengerot op Lëtzebuergesch – e kloert Zeeche vu Respekt, Wëllensstärkt an Engagement. Hien huet ee breet Netzwierk an ee quasi fotografescht Gediechtnes, wat him hëlleft, d’Zesummenhäng séier ze erkennen.
Privat verbréngt hie gär Zäit mat senger Fra an Duechter am Quartier Nonnewisen oder schafft mat Passioun un neie Projeten a senger Etude. Den Dejvid steet fir Energie, Netzwerker an Effikassitéit.