
Eng Première ander Kulturpolitik vun der Stad Esch: am Gemengerot vum 24.
Oktober 2025 goufen d’Konventioune mat dem Ensemble à plectre, der Chorale
Uelzecht an der Harmonie Municipale gestëmmt. Dës Konventioun ersetzen, déi
klassesch Subsiden an déi indirekt finanziell Hëllefen.
D’Gemengeconseillère Joy Weyrich ënnersträicht: „Elo kréien dës Veräiner e fixe
Montant, deen am Viraus festgehalen ass. Dat bedeit gläichzäiteg
Planungssécherheet a Flexibilitéit.(…) Als Gemeng schreiwe mär hinnen domadder
Verantwortung a Vertrauen zou.“
D’CSV-Esch ass houfreg op hir héichklasseg Traditiounsveräiner a freet sech iwwer
dës zousätzlech Unerkennung fir eis Ambassadeure vun der Stad Esch.