Skip to content

Fixatioun vum Impôt commercial an dem Impôt foncier – Eng pragmatesch
Steierpolitik am Sënn vun der Entwécklung

Anescht ewéi vun der Oppositioun gefuerdert, hunn d’Majoritéitsparteien am
Gemengerot vum 24.Oktober 2025 den Impôt commercial an den Impôt foncier net
ugehuewen.
De Fraktiounsspriecher Pascal Bermes huet dës Decisiounen verteidegt:
„Societéiten déi der Stad e Beitrag leeschten, andeems se zum Beispill
Aarbechtsplazen op Esch bréngen oder Wunnraum hei op eise Frichen entwéckelen,
si Partner mat deene mär zesumme schaffen. Si brengen der Stad Esch eng Plus-
Value déi iwwer eng Steier-Recette eraus geet.“