FACE-À-FACE
D’Vera Spautz an de Georges Mischo schenke sech näischt
En Donneschdeg den Owend waren d’Vera Spautz (LSAP) an de Georges Mischo (CSV) fir e FACE-À-FACE op der Tëlee.Och wann zu Esch d’Spannung manner grouss ass, wien de Buergermeeschter stellt, sou ass awer och do guer net sou kloer, wéi eng Koalitioun kënnt. Am Duell tëscht LSAP-Buergermeeschtesch an CSV-Spëtzekandidat hu sech d’Vera Spautz an de Georges Mischo och näischt geschenkt.