Skip to content

ENG EKIPP – EEN ESCH FIR EIS ALL

Politik op lokalem Niveau matzegestalten a sech all Dag an den Déngscht vum Bierger ze stellen, ass eng nobel Aufgab. Zanter 2017 erfëllen ech dës Aufgab mat Houfert a grousser Zouversiicht. Als Buergermeeschter vun der zweetgréisster Stad vum Land an als Spëtzekandidat vun der Escher CSV wëll ech déi Stad, an där ech gebuer an opgewuess sinn, och an Zukunft zu engem héichwäertegen Liewensraum fir all eis Biergerinnen a Bierger entwéckelen.

CSV Esch/Uelzecht

Mir stinn fir de Fortschrëtt. Dat hunn mir zanter 2017 bewisen. Mir wëllen net stoe bleiwen.

19 motivéiert Kandidatinnen a Kandidaten trieden den 11. Juni 2023 mat der Escher CSV fir d’Gemengewalen un. Zesumme hu mir eng Altersmoyenne vun 41 Joer. Et ass eng Ekipp vun 9 Fraen an 10 Männer. Eng Lëscht, déi sou villsäiteg ass, wéi d’Mënschen, déi an eiser Stad liewen. 19 Kandidatinnen a Kandidaten, mat deenen sech den Escher identifizéieren kann. 19 motivéiert Mënschen, déi d’Interessen an d’Wënsch vun eise Matbiergerinnen a Matbierger vertrieden. D’CSV-Esch ass no bei de Leit. Et ass eng Sektioun, déi um Terrain ënnerwee ass, déi en oppent Ouer huet fir jiddereen.

Déi Escher CSV iwwerhëlt Verantwortung fir all Escherinnen an Escher. Si setzt sech fir eng liewenswäert, zukunftsfäeg an virun allem fir eng sécher Stad an. No villen Etappen, déi mär zanter 2017 scho gemeeschtert hunn, si mär mat Energie an frëschen Iddien ënnerwee a Richtung Zukunft. Ënnerwee, an eng spannend Zäit fir eis Stad. Ënnerwee, op eng nohalteg, sozial a responsabel Art a Weis. Mir hunn villes fäerdeg bruecht an den leschte 6 Joer. Vill Projeten ugefaangen, déi eis Stad positiv an nohalteg veränneren wäerten. Mir hunn eng Dynamik entwéckelt, déi eiser Stad gutt deet an hir Identitéit stäerkt. Mir stinn fir e stoarken Solidaritéitsgedanken.

Deen virun allem an dësen onsécheren Zäiten ëmsou méi wichteg ass. Et ass den Zesummenhalt deen zielt an deen eis hëlleft zesummen no vir ze kommen! Mir stinn fir de Fortschrëtt. Dat hunn mir zanter 2017 bewisen. Mir wëllen net stoe bleiwen. Mir wëllen Esch weider entwéckelen an den Erausfuerderungen upassen. Mir sinn bereet Verantwortung ze iwwerhuelen ! Mir kämpfen fir den Zesummenhalt an eiser Gesellschaft. Mir sinn no bei allen Escherinnen an Escher.
Een ESCH fir eis all.

Beitrag deelen