48 Joer, Uecht, Buergermeeschter, Deputéierten, Sportsprofesser
De Georges Mischo
ass Buergermeeschter,
Deputéierten, Präsident
vum ProSud a
Präsident vum CHEM.
De Georges Mischo
ass bestuet a Papp vun
zwee Kanner.
De gebiertegen Escher
Georges Mischo setzt
sech mat Zouversiicht
fir d’Zukunft vun
senger Heemechtsstad
an. Fir de Georges,
muss d’Sécherheet zu
Esch eng Prioritéit sinn
an d’Liewensqualitéit
muss erhalen bleiwen.
„Esch brauch eng stoark
Jugend- a Seniorenpolitik.
D’Kultur an de
Sport, als performant
Integratiounsfacteuren,
musse weider gefërdert
ginn an d’Entwécklung
vun de Friche muss
resilient a nohalteg
geschéien. Esch ass
eng Stad fir jiddereen,
mat alle Biergerinnen a
Bierger zesumme.“
28 Joer, Lalléng, Staatsemployé
De Paul-Marc Dreis ass vu Gebuert un Escher an hien ass en Escher duerch an duerch. Säit de Paul-Marc lafe kann, hat hien e Ball um Fouss a bis haut spillt de Sport eng grouss Roll a sengem Liewen. No senger Première ass de Paul-Marc bei de Staat schaffe gaangen. “Ech si motivéiert, mech fir meng Heemechtsstad z’engagéieren an trieden dofir bei de Gemengewalen am Juni un. Fir mech soll Esch weiderhin a stoarkt Stéck Minett bleiwen an sech weider entwéckelen, ouni seng Identitéit ze verléieren”.
43 Joer, Nonnewisen, Expert-comptable
Dejvid Ramdedovic est originaire du Monténégro et un Eschois passionné par sa ville et qui y habite depuis 32 ans. Dès son plus jeune âge, Dejvid s’engage bénévolement au sein de différentes associations pour des personnes dans le besoin. Il fait partie de la Shoura qui représente les musulmans au Luxembourg. Dejvid a fait ses études à l’Université du Luxembourg et gère depuis 4 ans une fiduciaire à Esch-sur-Alzette. « Je m’engage e.a. pour que chaque enfant puisse réussir à l’école, indépendamment de ses origines ou de son parcours. Je souhaite également redynamiser la coopération entre les communautés religieuses et soutenir le développement économique d’Esch en favorisant l’artisanat et les petits commerces. L’amélioration de l’offre des cours de langues aux étrangers est une autre de mes priorités ».
53 Joer, Wobrécken, Coach a Formatrice
D’Sindy Stautemaus ass bestuet an huet 2 Meedercher. D’Sindy war 25 Joer am Finanzsecteur täteg an ass elo als Coach a Formatrice a Beräicher täteg, wou de Mënsch am Mëttelpunkt steet. Dem Sindy ass de Benevolat
wichteg. Dofir ass hatt aktiv am Sport an am soziale Beräich an enger Associatioun, déi Leit mat Depressiounen oder Burn-out hëlleft, an och an der Politik. “Fir mech geet et an der Politik drëms, eng gutt Liewensqualitéit ze schafen fir all Awunner, vun 0 bis 120 Joer. Ech setze mech an fir en Esch wat lieweg ass, sécher, propper, multikulturell an dynamesch. En Esch wou all Awunner mat senger Identitéit eng Plaz huet, wou et schéin ass grouss ze ginn, ze schaffen, ze wunnen an d’Pensioun ze genéissen. An fir en Esch, wou d‘Fraen aktiv an alle wichtege Beräicher matbestëmmen”.
54 Joer, Zaepert, Direkter vum LGE, Präsident CSV-Esch
De Pascal Bermes ass Papp vu 4 Kanner an zanter 2017 Direkter vum Escher Jongelycée. Hien ass en engagéierten, flichtbewossten an dynamesche Mënsch, privat ewéi berufflech. De Pascal huet seng Kandheet zu Esch verbruecht a wunnt nees säit 2016 a senger aller Heemecht. Zu Fréiseng war de Pascal 8 Joer laang Gemengeconseiller. De Pascal ass säit 2 Joer Präsident vun der Escher CSV-Sektioun a Präsident vun der Personalkommissioun. “Ech sinn houfreg een Escher ze sinn an setze mech gären fir Esch an”.
44 Joer, Uecht, Directeur adjoint (Enseignement), Psychopédagogue
De Robert Kirsch (och Bob genannt) ass aus Léift zu enger Escherin op Esch wunne komm an huet sech an d’Stad an hir Awunner verléift. Säit 15 Joer ass d’Minettmetropole seng Heemecht. De Bob ass säit méi ewéi 20 Joer an Lëtzebuerger Hëllefsorganisatiounen aktiv an huet Erfahrung a verschidde Verantwortungspositiounen. Hien kënnt gären mat den Escher Leit an d’Gespréich an setzt sech an, dass Esch sech als open an dynamesch Stad weiderentwéckelt an dobäi seng Séil net verléiert. De Bob schafft beruflech an der Inklusioun. Him ass e respektvollt Zesummeliewen vun allen Awunner vun Esch wichteg. “Mär gefällt et, dass d’Escher gären mat zwee Féiss um Buedem stinn a soen wat se denken. Ech kucken mat groussem Respekt op dat wat d’Schmelzaarbechter (an hir Familjen) hei am Minett geleescht hunn”.
42 Joer, Brouch, Aide socio-familiale
Manon Schmit est mariée et mère de 2 enfants. Elle travaille dans une maison relais à Esch-sur-Alzette. Manon est vice-présidente du Syndicat d‘Initiative de notre ville et vice-présidente de l‘association qui défend les intérêts du quartier Brouch. Manon est une femme ouverte d’esprit et motivée à s’engager pour notre ville. « Je veux m‘engager pour une meilleure sécurité dans notre ville, un encadrement qualitatif des jeunes, une coopération efficace entre les écoles et les structures d‘accueil et une amélioration de la mobilité ».
34 Joer, Raemerech, Chargée de cours
D’Annick Thil wunnt säit 2013 zu Esch an ass bestuet. D’Annick schafft an der Educatioun.
Seng Aufgab ass, Flüchtlingskanner an hirer schoulescher Entwécklung ze hëllefen. D’Annick ass bekannt als eng oppen an dynamesch Persoun, wat kloer Entscheedungen trëfft an en oppent Ouer huet fir seng Matmënschen. Dem Annick sinn seng Famill, Frënn an Hausdéieren wichteg. “Esch ass déi Stad déi ech am Häerz droen. Dofir well ech aktiv dozou bäidroen, Esch matzegestalten. Besonnesch wichteg ass mir, dass Esch eng attraktiv, lieweg, tolerant an liewenswäert Stad bleift. Ech wëll mech dofir asetzen, dass Esch an Zukunft erëm méi eng kommerziell Dynamik entwéckelt an dobäi seng Traditiounen behält. Mär ass wichteg, dass Esch erëm Esch gëtt”.
47 Joer, Brouch, Conseiller communal, Consultant, Indépendant
Les engagements de Bruno Cavaleiro sont transversaux : redynamiser le tissu économique de notre
ville, rendre notre ville encore plus moderne et accueillante, garantir une égalité à toutes les citoyennes et tous les citoyens, développer des projets dans les domaines de la culture et du tourisme et, avant tout, maintenir un vivre ensemble harmonieux. « Comme conseiller communal et porte-parole du CSV à Esch, j’ai pu m’investir dans de nombreux dossiers au niveau du conseil communal, des commissions consultatives et des différents syndicats où j’ai représenté la Ville d’Esch-sur-Alzette. J’ai également pu contribuer activement à la résolution des problèmes de la population. Je suis un homme de terrain, à l’écoute des préoccupations des citoyens.»
27 Joer, Neiduerf, Studentin vun der Englescher Literatur
D’Sarah Moreira wunnt säit senger Gebuert zu Esch. Hatt huet e Bachelor an „European Cultures“ an mécht fir de Moment e Master an „Bilingual Education“. D’Sarah schafft am Escher Jongelycée mat Integratiounsklassen fir sou genannten „primo- arrivants“. “Mär ass et wichteg, mech aktiv fir Esch z’engagéieren, fir dass Esch nach méi e liewegen Zentrum gëtt. Besonnesch um Häerz leien mir d’Inklusioun, Sozial- a Chancëgläichheet an bezuelbare Wunnraum fir déi Jonk”. Als eemoleg Handballspillerin ass d’Sarah vill sportlech aktiv oder verbréngt vill Zäit mat Famill a Frënn. D’Sarah setzt sech an géint all Formen vun Diskriminatioun.
38 Joer, Neiduerf, Conseillère communale, Professeure d’économie
Catarina Simoes est mariée et mère de deux enfants. Elle a exercé pendant près de 10 ans une activité professionnelle en tant qu’analyste financière avant d’entrer dans l’enseignement en tant qu’enseignante d’économie. Catarina est conseillère communale et membre de la commission des finances et des subsides depuis juillet 2020. « Il me tient à cœur d’exercer mes responsabilités en étant à l’écoute des Eschoises et des Eschois. Je souhaite m’engager dans l’intérêt de notre ville et plus particulièrement pour une meilleure qualité de vie, une cohésion sociale renforcée et une gestion responsable des fonds publiques ».
48 Joer, Nonnewisen, Fonctionnaire communale
Nathalie Torres est fille d’immigrés italiens et heureuse maman d’une adolescente. Nathalie est déléguée du personnel auprès d’une commune dont elle connait parfaitement l’organisation et le fonctionnement. Elle est membre active d’une association italienne et bénévole en écoute psychologique. L’empathie, la tolérance et le respect font partie de ses valeurs. « Je veux m’engager pour les préoccupations des Eschoises et Eschois de toutes générations et cultures, pour une cohabitation pacifique et une amélioration de la qualité de vie. Ma priorité est la création de logements abordables, surtout pour jeunes, de structures pour seniors et pour personnes en détresse, ainsi qu’un centre-ville animé, culturel et sûr ».
41 Joer, Nonnewisen, Maître opticienne
D’Cindy Denuit ass liéiert, huet 2 Kanner an wunnt säit 6 Joer an den Nonnewisen. “Mär ass et souwuel wichteg, dass eis Kanner schoulesch gutt encadréiert sinn, wéi och, dass een mat de Kanner hei zu Esch kann flott seng Fräizäit verbréngen. Besonnesch um Häerz läit mär awer, dass eist Häerzstéck, d’Uelzechtstrooss, wou mäin eegenen Optikerbuttek ass, erëm méi opblitt. D’Uelzechtstross soll keng Butteker unzéien déi een iwwerrall fënnt. Et geet drëms nei an alternativ Iddiën ze hunn an d’Leit op Esch ze lackelen, well mär anescht sinn”.
59 Joer, Brouch, Gemengeconseiller, Pensionéierten, Gemengebeamten
De Jacques Müller ass en Escher duerch an duerch. Hien lieft säit 59 Joer hei an eis Stad läit him um Häerz. De Jacques ass Gemengeconseiller an Präsident vun der Sportskommissioun an der Mobilitéitskommissioun. Hien ass och Präsident vun der LASEP an där iwwert 1.200 Kanner ageschriwwen sinn. De Jacques ass Member am Syndicat TICE. De Jacques ass e.a. an der Jeunesse Esch an am Boule pétanque Claire-Chêne aktiv a Präsident vum Interesseveräin Quartier Brouch. De Jacques gëllt als dynamesch, éierlech an hëllefsbereet. “Mär ass et wichteg, dass alleguer d’Leit déi Verantwortung hunn un engem Strang zéien fir Esch no vir ze bréngen am Interêt vun den Escher Bierger”.
21 Joer, Nonnewisen, Étudiante en musicologie
Aaliyah Soares habite à Esch-sur-Alzette depuis 3 ans. Elle fait actuellement des études en musicologie à l’Université de Lorraine. Depuis son adolescence, elle a étudié la musique au Conservatoire d’Esch. Aaliyah est également une jeune autrice qui a déjà publié deux romans. Elle a un intérêt particulier pour l’enseignement, la jeunesse et la santé, mais également pour la musique et la culture. « J’ai décidé de m’engager en politique pour deux raisons : d’une part, la coexistence des différentes communautés dans notre ville est importante, d’autre part je souhaite impliquer davantage les jeunes en politique ». Aaliyah passe son temps libre de préférence avec ses proches. Elle passe beaucoup d’heures au piano, à lire ou à écrire ses prochains romans. L’engagement pour la culture compte particulièrement pour elle.
37 Joer, Lallange, Échevin , Assistant social, Master en sciences politiques
Eschois de souche et de coeur, Christian Weis revêt depuis 2020 la fonction d’échevin couvrant e.a. les ressorts de l’enseignement, des affaires sociales, de la jeunesse et de l’égalité des chances. Les autres axes de son engagement concernent la gestion des finances publiques d’après les principes d’efficacité et d’efficience et le pilotage d’une administration publique performante au service des usagères et usagers. « OEuvrer activement à assurer un cadre de vie sain, sûr et tranquille pour toutes et tous les citoyenne-s. Aller de l’avant, agir avec résolution et chercher des solutions durables me tient à coeur. »
25 Joer, Claire-Chêne, Employé CGDIS
De Max Weisgerber ass 25 Joer jonk a wunnt am Quartier Claire-Chêne. De jonke Bautechniker huet aus senger Passioun säi Beruff gemaach an këmmert sech beim CGDIS em den Encadrement vu fräiwëllege Pompjeeën. Selwer aktive Pompjee, engagéiert hien sech zousätzlech an der Jugend- a Sportskommissioun an ass och Member vum Verwaltungsrod vum CIGL Esch. “Ech setze mech zanter mengem 18. Liewensjoer politesch an, am léifsten am Beräich Benevolat, Jugend, Verkéier a Sécherheet”.
35 Joer, Wobrécken, Gynécologue au CHEM
Joy Weyrich est native d’Esch-sur-Alzette. Elle est médecin-gynécologue et mère d’un enfant. Au quotidien, elle est confrontée aux inégalités subies par les femmes. « Le but de mon engagement est de mettre en oeuvre des projets qui favorisent l’égalité des sexes et permettent aux femmes d’exprimer tout leur potentiel. Je souhaite contribuer à faire d’Esch-sur-Alzette une ville accueillante, agréable à vivre et caractérisée par une plus grande justice sociale. Je compte sensibiliser les Eschoises et les Eschois à différents aspects de la santé physique et mentale et je veux favoriser l’activité sportive à tout âge ».
67 Joer, Lalleng, Schäffen, Pensionéierten, Privatbeamten
Den André (Änder) Zwally ass säit 2002 am Gemengerot an säit 2017 Schäffe fir d’Voirie, d‘Réseauën, d’Informatik d‘Senioren, d‘Personal, d’Administratioun an d’Cultes. Den Änder weess duerch wéi e stännege Wandel d’Stad Esch an der Vergaangenheet gaangen ass a weiderhin geet. “Fir d’Entwécklung vu neie Quartieren brauch Esch Impulser. Fir Al an Nei mateneen ze verbannen. Fir en Equiliber tëschent den Infrastrukturen ze halen. E gesond Zesummewuesse vun de Quartieren ass eng grouss Erausfuerderung fir d’Zukunft vun eiser Stad. Ech setze mech an fir eng transparent an zukunftsorientéiert Politik, mat Fokus op d’Zesummeliewen tëscht de Generatiounen. Fir mech ass Esch um gudde Wee. Weider esou!”