Skip to content

Eise Walprogramm

Méi no! – Méi Sécherheet! – Méi Solidaritéit!

Léif Escherinnen an Escher,


Den 1. Januar 2023 waart där zu 36‘612 Awunnerinnen an Awunner: 36‘612 kléng agrouss Geschichten, 36‘612 Ambassadricen an Ambassadeure fir eis Stad Esch!
Et ass eng Zuel, déi bedeitend méi symboliséiert ewéi eng einfach Opzielung vun Awunnerinnen an Awunner. Si steet fir d`Villfalt u Mënschen, un Originnen, un Erfarungen, u Liewenspläng, un Idee’en an Dreem, déi an dëser Stad zesumme fannen an d’Liewen an dëser Stad ausmaachen. Se dréckt aus, wat all Escherinnen an Escher matenaner verbënnt: hir Heemechtsstad. D’CSV-Esch iwwerhëlt zanter sechs Verantwortung fir All Escher Biergerinnen a Bierger. Och déi nächst sechs Joer wëlle mär eis asetze fir eng liewenswäert, sécher azukunftsfäeg Stad. Mär wëllen och weiderhin Méi beweegen fir d’Stad Esch a seng Leit! Mär wëllen och weiderhin Méi beweegen fir d’Probleemer vun Haut ze léisen an d’Stad a seng Mënschen op d’Zukunft fir ze bereeden a fir de Moar ze stäerken.


Dofir engagéiere mär eis mat dësem Programm fir eng Politik:

  • déi Méi no un de Mënschen ass!
  • déi Jidderengem méi Sécherheet garantéiert!
  • déi e Fundament fir méi Solidaritéit tëscht de Leit leet!

Eng Politik fir eis All, an engem Esch fir eis All!

Hei kënnt dir eise Walprogramm downloaden:

komplette Walprogramm

Lëtzebuergesch

komplette Walprogramm

Franséisch

Zesummefaassung vum Walprogramm

Montenegrinesch

Zesummefaassung vum Walprogramm

Lëtzebuergesch

Zesummefaassung vum Walprogramm

Italienesch

Zesummefaassung vum Walprogramm

Franséisch

Zesummefaassung vum Walprogramm

Portugisesch

Hei kënnt dir eise Bilan downloaden:

Bilan 2017-2023

Lëtzebuergesch