Skip to content

MERCI ESCH!

D’Escher CSV seet alle Wielerinnen a Wieler Merci fir hier grouss Ënnerstëtzung an hiert Vertrauen bei de Gemengewahlen 2023!

No dem historesche Walresultat vun 2017 (6 Sëtz) konnte mir zesumme mat eise 19 neie Kandidatinnen a Kandidaten de Succès vun 2023 (6 Sëtz) widderhuelen.
Mat engem Total vun 57.683 Stëmmen, dovun 41.040 Lëschtestëmmen ass d’CSV Esch confirméiert ginn. Virop hiere Buergermeeschter Georges Mischo, mat 4.977 Stëmmen (+479/+ 10%).
D’CSV konnt 2.000 Lëschtestëmmen méi fir sech gewannen wéi d’LSAP, déi hiert Resultat par Rapport zu 2017 nëmme marginal verbessere konnt.
Mat enger Avance vun 463 Stëmmen konnt eise Spëtzekandidat Georges Mischo sech géint säin direkten Erausfuerderer vun der gréisster Oppositiounspartei duerchsetzen.
Och déi zwee CSV-Schäffen Christian Weis an André Zwally sinn confirméiert ginn. Den Christian Weis kritt 3.657 Stëmmen (+ 627 Stëmmen/+20,7%), den André Zwally 3.506 (-9 Stëmmen /-0,3%). An de Conseil cummunal gewielt sinn de Bruno Cavaleiro (3.363 Stëmmen), de Pascal Bermes (3.319 Stëmmen) an d’Joy Weyrich (3.092 Stëmmen).
D‘CSV Esch seet den Escher Biergerinnen a Bierger MERCI fir hiert Vertrauen.
An den nächsten 6 Joer setzen mir weider op Kontinuitéit a Stabilitéit fir d’Stad Esch an hier Awunner.
Zesumme fir Esch! Zesumme fir eis Stad.

#eeneschfireisall

Communiqué de presse

12/06/2023

Beitrag deelen